An eiser Serie "Op der anerer Säit vun der Grenz" léiere mer Lëtzebuerger kennen, déi hiert Liewen an hir Aarbecht an d'Groussregioun verluecht hunn.

Dëst war en e bëssen aneren Interview an dëser Serie, well et huet mech matten an d'Natur verschloen. Fir d'Lynn Leisen op enger vun hiren Aarbechtsplazen ze treffen, sinn ech an den Hunsrück gefuer. Fir méi genee ze sinn op den Erbeskopf, wou ech d'Animatrice, Schwamm- a Klotercoach am Kloterpark getraff hunn.

An Däitschland ze plënneren: "Bescht Decisioun vu mengem Liewen"

D'Lynn ass gréisstendeels bei hire Grousselteren opgewuess, déi ëmmer fir si an och dono fir hiert klengt Meedche mat do waren. 2019 huet si dunn decidéiert, fir hiert d'Liewen esou opbauen, wéi si et wéilt. Fir dat ze maachen, wollt déi jonk Mamm méi wäit ewech plënneren. "D'Belsch, Frankräich oder Däitschland war d'Fro"  an d'Decisioun gouf getraff, datt Däitschland och fir d'Meedchen a seng Schoulen de beschte Choix wier. Esou ass si an d'Saarland geplënnert, wat "déi beschten Decisioun vu mengem Liewe" war.

RTL

D'Meedchen huet direkt Uschloss fonnt a sech séier e Frëndeskrees opgebaut a war, géintiwwer vu virdrun zu Lëtzebuerg, richteg glécklech an der Schoul. D'Mamm, déi betount, datt si ganz houfreg op hiert Meedchen ass, stellt sech d'Fro, ob d'Kand sech och am Grand-Duché esou gutt entwéckelt hätt, wéi datt elo de Fall ass. Dëst hat ee viru kuerzem getest an et war een a Lëtzebuerg geplënnert. "No dräi Méint si mer erëm zeréck an Däitschland gaangen", seet d'Lynn Leisen, well si an hiert d'Meedche vun de Leit d'Gefill kruten, datt se net Wëllkomm sinn. Deen Eenzegen, dee profitéiert hat, war hire Mann, well deen net méi esou wäit bis op d'Aarbecht hat.

Den Hobby an d'Passioun zum Beruff gemaach

Als Kand war d'Lynn am Schwammclub. Dunn awer, "wéi et ugaangen ass, mat Frënn erauszegoen", war den Hobby séier Niewesaach. Zu Lëtzebuerg huet si méi spéit fir e Fleegedéngscht geschafft, war an der Hotellerie aktiv an huet op der Fouer respektiv an Éisträich beim Après-Ski ausgehollef. "Ech brauch eng Aarbecht, wou Liewen ass", seet déi 31 Joer al Fra. Am Nuetsliewe schaffe war phaseweis cool, mä näischt fir ëmmer. An där Zäit huet si hir Passioun fir d'Kloteren entdeckt. "Hei huet alles ugefaangen", seet d'Lynn Leisen, wärend mer matten am Hochseilgarten sëtzen. Um Erbeskopf huet si sech an d'Klotere verléift, villes bäigeléiert an all déi wichteg Formatioune gemaach. An esou huet si hei hiren éischte Beruff a Däitschland kennegeléiert.

RTL

"Ech schwätze vill a gären". An dës Qualitéit nieft hirer Passioun fir dat, wat si mécht, huet si an hirem Beruffsliewe begleet a virubruecht. Hir Aart a Weis kënnt gutt un. Bei hirer Aarbecht am Kloterpark huet si e Schwammmeeschter kennegeléiert, deen hir proposéiert huet, fir am Wanter mat an der Schwämm ze schaffen. Hei huet si hir Rettungsschwëmmer gemaach an doduerch och hir Kandheetspassioun zum zweete Beruff. D'Lynn huet zu deem Ament als Klotercoach um Erbeskopf  an an der Schwämm, respektiv an der Sauna zu Saarbrécken geschafft. Do gouf da kuerz drop de Posten an der Teamleitung zu Saarbrécken fräi, deen d'Lëtzebuergerin och krut.

Ronn annerhalleft Joer hat si dëse Posten an huet doduerch ëmmer méi an der Schwämm an ëmmer manner am Hochseilgarten geschafft. Bis zu 10 Stonne war si den Dag an der Schwämm an och owes, um Weekend oder an der Vakanz huet den Telefon geschellt, wann eppes ëmorganiséiert huet misste ginn. An obwuel hir Pai net schlecht war, hunn Animateuren, déi stonneweis an der Schwämm geschafft hunn, besser verdéngt. Well d'Lynn esou änlech Saache jo och schonn um Erbeskopf gemaach respektiv an der Schwämm organiséiert huet, wollt si eppes änneren.

RTL

"Ech verdéngen däitlech méi, wéi de Mindestloun zu Lëtzebuerg"

Mat hirem Mann huet si iwwert de Plang, sech selbstänneg ze maachen, geschwat. Déi Aart vun Aarbecht mécht hir Spaass. Hire Mann stoung dobäi komplett hannert hir. Wann et net klappe sollt, war hie sech sécher, datt d'Lynn och nees séier eng aner Plaz géif fannen. Also huet si Ufank Juni an der Schwämm gekënnegt a Mëtt Juni, op Urode vum Steierberoder, direkt e Kleingewerbe an Däitschland ugemellt, fir mat de Steieren op der sécher Säit ze sinn. Si schafft also weider am Hochseilgarten um Erbeskopf, an der Schwämm zu Saarbrécken an och op diversen anere Plazen, mä mécht zum Beispill och d'Animatioun op Gebuertsdeeg bei Leit doheem oder - eng Iddi déi hir virschwieft - Kanneranimatioun op Hochzäiten, fir datt déi Erwuesse méi Zäit ënnert sech hunn. Ma all hir Aarbechte mécht si op hir eege Rechnung a verdéngt domadder, obwuel hire Betrib nach ganz jonk ass, schonn net schlecht Suen. "Méi wéi de Mindestloun zu Lëtzebuerg", seet d'Lynn ganz houfreg.

RTL

Zum Job gehéiert et och, sécherzestellen, datt d'Clienten richteg ugedoen a prett fir op de Parcours sinn.

"Ech hat ganz vill Chance mat der Mundpropaganda", kommentéiert si iwwer hir Engagementer. Bis si awer emol an an aner Saachen, wéi Reklamm oder Internetsäit, investéiert, wëll d'Lynn emol kucken, wéi si mat hirem Job iwwert d'Ronne kënnt. "Et gi Méint wéi Juli an August, wou ech vill verdéngen, ma eventuell am Dezember da manner", well dann  d'Gebuertsdagsfeieren am Hochseilgarten éischter ausfalen. Dofir bitt si awer och nach zum Beispill Schwammcoursen a Schwammstonnen un oder gëtt als "Noutfallnummer Lynn" ugeruff, wann op deene Plazen, wou se dacks am Asaz ass, Nout um Mann oder der Fra ass.

Sollt d'Lynn awer mierken, datt hir Déngschter als Animatiouns- a Partyservice gutt ukommen, kéint si sech virstellen, dat Ganzt ze vergréisseren a Leit ze engagéieren. Wuel een, déi den Internetsite soll opbauen a managen an eng weider Persoun, déi bei der Organisatioun an de Partyen hëlleft. "Wann op enger Hochzäit 20 Kanner ronderëmlafen, kann ech dat net eleng bewältegen", seet d'Lynn a laacht. Mat ënner anerem enger Frëndin huet si och schonn eng Rei méiglech Kandidatinnen.

"Ech schaffe gär an allem, wat mer Spaass mécht a wou ee sech ameséiere kann"

"Wann een eng Aarbecht huet, déi een net gäre mécht, da maach se net", seet d'Lynn am Interview. An hir Aarbecht mécht hir offensichtlech Spaass, wat ech um eegene Leif erlieft hunn, wéi mir nom Interview e puer Fotoe fir den Artikel gemaach hunn.

Fir e puer vun dëse Biller hunn ech da mat Hëllef vum Lynn d'Montur ugedoen, fir dierfte Kloteren ze goen. "Elo wou der schonn ugedoe sidd, kënne mer dann op d'Pist goen", huet d'Lynn gelaacht. No enger kuerzer Aweisung ass et du an d'Beem gaangen, quasi eng Visitt guidée mat der forméierter Rettungskloterin. Si huet mer gewisen, wéi ech duerch de Parcours kommen, awer och erkläert, wéi si Leit rette ginn a wéi et fir d'forméiert Personal méi séier duerch de Parcours geet. Wichteg ass awer och hei: D'Sécherheet.

Och wa si an hir Kolleege Leit an d'Beem siche ginn, si si ëmmer mat de Seeler duebel geséchert. Als Selbstänneg ass dat dann och nach méi wichteg. "Ech hu véier verschidden Assurancen, fir mech an all Fall ofzesécheren": Eng fir sech selwer, eng fir d'Clienten, eng Zivilrechtsversécherung an e Rechtsschutz. Och dat gehéiert zu hirer Selbstännegkeet an hirer Sécherheet an dësem Beruff dozou.

Dräi Froen un... D'Lynn Leisen