WHO warnt viru SuittenËmmer manner Jonker an Europa benotze Kondomer

RTL Lëtzebuerg
Datt ëmmer manner Jonker an der EU Kondomer benotzen, ass e Resultat, wat Suergen mécht.
© YuriArcursPeopleimages on Envato

Dëst steet ze liesen an enger Analys vum Europabüro vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Zanter 2014 wieren d’Zuelen réckleefeg.

Just 61% vun de Jongen an 57% vun de Meedercher, a béide Fäll ënner 16 Joer, déi sexuell aktiv sinn, benotzen e Kondom. Bal een Drëttel verzicht ganz op Schutz.

Dat wier d’Konsequenz vun grousse Lacunne bei der Sexualerzéiung, gëtt d’WHO ze bedenken a warnt viru schwéiere Suitten, notamment dem Verbreede vu méi Geschlechtskrankheteen an ëmmer méi ongewollte Schwangerschaften.

Back to Top
CIM LOGO