Verschiddenst Aarte vu Kompetitioune fir d'Lëtzebuerger Kandidaten

Um zweetleschten Dag vun der Kompetitioun gouf et all de Kandidaten e Freideg nees vill ofverlaangt.
Um Freideg hunn eng sëlleg Ënnerstëtzer aus Lëtzebuerg de Wee op Lyon fonnt, fir de Lëtzebuerger Kandidate bei der weltgréisster Beruffsmeeschterschaft hir Ënnerstëtzung auszedrécken.
Vertrieder vun der Lëtzebuerger Handelskummer an Handwierkskummer waren extra ugereest, fir dëst Event net ze verpassen. Si hu sech begeeschtert an impressionéiert gewisen vun der Gréisst vum Concours, an och vun der Qualitéit, déi hei demonstréiert gëtt. Op der Plaz konnte si sech e Bild maachen, wat eis Lëtzebuerger Kandidaten an dëse véier Deeg erliewen.
Net all Beruff, deen op de WorldSkills vertrueden ass, produzéiert en Objet, deen iwwert déi véier Deeg opgebaut gëtt. An der Hotelsreceptioun zum Beispill gëtt eis Kandidatin Laurence Bley ëmmer nees mat neie Situatiounen konfrontéiert an dorop jugéiert, wéi hatt mat dësem Iwweraschungseffekt ëmgeet. Sou muss hatt emol eng panesch Cliente berouegen, déi hire Pass verluer huet, oder engem ongedëllege Gaascht eng last-minute Léisung proposéieren, well hie säin Hochzäitsdag vergiess huet. Oder, wéi e Freideg, béides gläichzäiteg.
Och déi méi digital Beruffer bestinn aus eenzele Moduller. D’Regina Kostka huet net nëmmen d’Grafik, mee eng ganz Verpackung fir Klammseeler designt. Bewäert gëtt hei also net just d’Optik, mee och wéi praktesch dës am reale Liewe kéint agesat ginn.
De Rui Nogueira Caldas an de Michel Reyter hu missten eng simuléiert Attack op en Netzwierk detektéieren a verhënneren. Hei gëllt et, erauszefannen, wéi eng Date wéi kompromettéiert goufen an de Schued esou geréng wéi méiglech ze halen.
An och de Sébastien Fohr, dee Lëtzebuerg bei de Webtechnologies vertrëtt, muss all Dag en neien Challenge meeschteren. De richtegen Ëmgang mat Programméiersprooche steet awer ëmmer am Vierdergrond.
De Pit Hansen an der Autosmechatronik an de Raoul Roller aus der Fligersmaintenance mussen iwwert den Dag verdeelt ënnerschiddlech Statioune besichen, op deenen eng Feelersich un engem Motor oder d’Austausche vun engem Stéck bewäert gëtt.
Den Tom Zeimetz an de Mathieu Klein dogéint baue vum éischten Dag un e Projet op, deen um leschten Dag fäerdeg sollt sinn. Bewäert gëtt awer net just wat um Schluss erauskënnt, mee och all eenzel Etapp, déi dohinner féiert.
Si all hunn op dësem 3. Dag nach eemol alles ginn, well um Samschdeg am Nomëtteg ass et eriwwer. A wärend d’Kandidaten an hir Experten an den eenzele Workshops vollen Asaz weisen, ginn déi aner Membere vun der Lëtzebuerger Delegatioun hiren eegene Missiounen no. Ee vun hinnen ass de Luc Belling, offiziellen Delegéierte vu Lëtzebuerg fir WorldSkills, deen hei vu sengem Dagesoflaf an Aufgaben zielt:
Ma et ass net just dat aktuellt Event, dat en offiziellen Delegéierte beschäftegt, mee natierlech och de Bléck an d’Zukunft. De Luc Belling:
Déi ganz Delegatioun kuckt also elo mat Spannung op de leschte Kompetitiounsdag e Samschdeg, ier et e Sonndeg den Owend op déi grouss Ofschlossfeier geet. Vu béiden Deeg wäert Dir och hei kënnen e klenge Rapport liesen.
Bis dohin fannt Dir hei e kuerze Video mat den Andréck vum 3. Kompetitiounsdag zu Lyon.