Wichtege Rendez-vous fir VerkeeferAllerhellegen an de Blummebutteker - eng Traditioun am Wandel

Vidosava Kuzmic
Kuerz virun Allerhellegen ass an de Blummebutteker traditionell vill lass. Mee wéi eng Dekoratioune kommen haut besonnesch gutt un?
Allerhellegen an de Blummebutteker - eng Traditioun am Wandel
Kuerz virun Allerhellegen ass an de Blummebutteker traditionell vill lass. Mee wéi eng Dekoratioune kommen haut besonnesch gutt un?

D'Gewunnechte ronderëm Allerhellegen änneren. Dat mierkt och d’Francine Wüst an hirem Blummebuttek zu Steesel. Net nëmmen géif d’Demande no Grafdekoratiounen duerch Bëschkierfechter an Anäscherungen zanter Joren erof goen, ma och wat d’Leit kafen, hätt sech geännert. Dréchen Arrangementer, déi ee laang ka stoe loossen, wieren aktuell ganz beléift. Am Géigesaz dozou, ass d’Ufro no Schnëttblumme staark erof gaangen. “Wou mer der soss 200 haten, hu mir der lo nach 50 bis 60”, esou d’Francine Wüst. Besonnesch déi grouss wäiss Chrysanthemen, déi ee soss ëmmer vill op de Griewer gesinn hätt, géifen ëmmer méi verschwannen. Zu de Bestseller fir Allerhellege gehéieren definitiv déi fäerdeg zesummegestallt Coupen, déi wanterfest a liicht ze fleege sinn.

All dës Entwécklunge géinge mat der Evolutioun vun der Clientèle zesummen hänken.

“Et sinn eeler Clienten, déi déi Traditioun an d’Griewer fleegen. Déi jonk Clientë kommen an huelen dat, wat do steet. An déi komme wierklech déi lescht puer Deeg. Do gëtt net méi virbestallt. Dat huet geännert.”

Ma och wann de Verkaf an d’Trends sech änneren, bleift Allerhellege fir d’Blummebutteker nom Mammendag a Vältesdag ee vun de wichtegste Rendez-vousen am Joer.

Back to Top
CIM LOGO