Visitt vum Poopst Jean-Paul II. de 15. a 16. Mee 1985.

Et war déi alleréischte Kéier, dass e Poopst iwwerhaapt ob Lëtzebuerg koum. Et war de 15. Mee 1985 um 9.50 Auer, wéi eng DC9 vun der hollännescher Fluchgesellschaft KLM Lëtzebuerger Tarmac beréiert huet. Mat als Passagéier eng Delegatioun vu Geeschtlechen aus dem Vatikan, déi den deemolege "Papp vun der kathoulescher Kierch", de Poopst Jean-Paul II. ob der Visitt vu Lëtzebuerg begleet hunn. E puer Minutten drop kësst de Bëschof vu Roum Lëtzebuerger Bueden, sou wéi d’Traditioun et wëll, an all Land, bei all Rees.

De 15. Mee 1985 

D’Visitt vum deemolege Poopst hat ganzer zwee Deeg gedauert. De gutt gefëllte Programm um éischten Dag goung lass an der Kathedral, wou de Papp vun de Katholicken zesumme mat kranke Gleewegen a mat Gleewege mat enger Behënnerung gebiet huet. Duerno goung et op Esch, wou eng Mass gehale gouf zesummen mat den Aarbechter aus der Stolindustrie. Dräi weider Visitte stoungen deen Dag nach um Programm. D’Visitt am Palais mat der groussherzoglecher Famill, d’Receptioun am Neien Theater mat allen Offiziellen an eng Visitt vun der europäescher Communautéit am Bâtiment Schuman, wou de Poopst déi europäesch Gemeinschaft gebieden huet, méi fir d’Aarmut an den Honger an der drëtter Welt ze investéieren.

Den Dag vum 16. Mee 1985  

De 16. Mee 1985 war Christi Himmelfaart. Deen Dag goung u mat engem Treffe vum ganze Klerus, duerno war um Glacis déi gréisste Mass, déi et iwwerhaapt jee zu Lëtzebuerg gouf. 60.000 Mënsche biede mam Poopst ob der Fouerplaz. Déi leschten Etapp vun der Visitt goung ob Iechternach an d’Stad vum hellege Willibroch, wou de Jean-Paul II. sech mat der Jugend getraff huet.

Wie war de Poopst Jean-Paul II.

De Carol Wojtyla gouf 1920 zu Wadowice gebuer. Ganz jonk verléiert hie seng Mamm a säin eelere Brudder. Hie studéiert Theater a Philosophie, muss sech allerdéngs wärend der Besetzung vun der däitscher Occupatioun verstoppen. Hie entkënnt der Deportatioun an der Zwangsaarbecht just, well hien déi Zäit an enger Chimiesfabrick geschafft huet, déi fir dat däitscht Räich wichteg war. D'Joerzéngten nom Krich steet de jonke Professer am Déngscht vum Herrgott, gëtt Priister, Bëschof, du Kardinol. De 16. Oktober 1978 gëtt de polnesche geeschtlechen dann zum Poopst gewielt. Hien ass den éischten net italieenesche Poopst zënter méi wéi dräi Joerhonnerten. De Jean-Paul II. war ee ganz mediatiséierte Poopst, deen a senge bal 27 Joer Amtszäit 129 Länner bereest huet. Hien huet fléissend 9 Sprooche geschwat an et gëtt him vu verschiddene Leit ugerechent, vill sozial a politesch Decisioune beaflosst ze hunn, ënner anerem, d’Enn vum Kommunismus.