Nei Projeten en vue
Stäre-Restaurant Pavillon Eden Rose mécht seng Dieren zou

© Image Pavillon Eden Rose Archivbild
Am Juli gouf nach de 5. Anniversaire zu Keel gefeiert, en Dënschdeg ass et d'Nouvelle, dass een zoumécht.
"Nous vous informons que notre aventure au Pavillon Eden Rose à Kayl prendra fin le 24 décembre 2024", dat konnt een en Dënschdeg de Moien op de soziale Reseauen noliesen.
Wéi d'Patrone matdeelen, hätt een nach d'Iessen op Reveillon geplangt an dono wier Schluss. Et géif een awer och nach "d'Vente à emporter" proposéiere mat hire klassesche Menüen.
Et seet een de Clientë Merci fir d'Vertrauen zanter 2019, ma elo wier et Zäit fir nei Projeten.

© Screenshot Facebook
Am meeschte gelies