De Restaurant "La Distillerie" plënnert am Januar an ännert den Numm

An der Woch vun der Presentatioun vum neie Gault&Millau ass et d'Nouvelle, datt ee vun den héich kotéierte Restauranten d'nächst Joer plënnert.
"La Distillerie", déi bis ewell am Buerglënster Schlass ass, mécht Mëtt Januar hir Dieren um Findel op.
De Stärekach René Mathieu empfänkt deemno seng Clienten am Hotel-Restaurant Airfield, deen da wäert "Restaurant Fields by René Mathieu" heeschen.
Dat heescht awer net, datt net weider an der Buerg gekacht gëtt. D'Brasserie Côté Cour bleift ënnert der Direktioun vum René Mathieu weider op, iwwerdeem fir d'Distillerie e neit Konzept entwéckelt gëtt.
Aktuell huet d'Distillerie ee Michelin Stär an ee grénge Stär am roude Guide.
Am Gault&Millau huet d'Distillerie iwwerdeem 18 vun 20 Punkten an 4 Toquen.