Puzzle-Championnat zu Lëtzebuerg
Zu Ell ass de Samschdeg eng speziell Meeschterschaft organiséiert ginn. Et ass drëms gaangen, esou séier wei méiglech, déi meeschte Puzzelen ze maachen.
An Ekippe vu 4 Leit sinn eng 45 Ekippen ugetrueden. Zu Ell am Centre Camille Ney gouf dës Meeschterschaft fir déi 5. Kéier organiséiert. Nerve behalen, konzentréieren an de Fokus just op d‘Puzzlestécker ass hei d‘Devise.
Och d’Milvio Priano aus der Belsch war mat hirer Ekipp "Piece of Mind" mat dobäi. Puzzelen ze maachen, géing si immens berouegen an an der Moyenne leeë si eng 800 Stécker pro Stonn. Esou hu si sech dann um Enn och duerchgesat an hunn d’Kompetitioun fir déi 3. Kéiert hannertenee gewonnen.
Un enge 6 Kompetitioune géinge se d’Joer deelhuelen. Lëtzebuerg gefält hinne ganz gutt – eng besser Luucht an der Hal hätt hinnen nach gehollef, besser ofzeschneiden. Si si richteg Puzzleprofien an do mussen d’Konditiounen optimal sinn.
Vun 10 Auer moies bis 20 Auer owes gouf e Samschden hei gepuzzelt. Deen, dee bannent den 10 Stonnen déi meescht Puzzele gemaach huet, huet um Enn och gewonnen.
45 Ekippen, eng ronn 200 Leit ware mat dobäi an hunn zesummen iwwer 156.000 Stécker bannent den 10 Stonne geluecht. 90 Euro huet ee pro Ekipp misste bezuelen.
Hannert dësem, eenzege Puzzlechampionnat zu Lëtzebuerg, stécht den Dëschtennis-Club vun Ell an de Veräi Spillfabrik vu Lëntgen.
Top 5:
- Piece of Mind - 7.204 Puzzlestécker bannent 10 Stonnen
- DeuLuxPuzzler – 6.596 Puzzlestécker bannent 10 Stonnen
- Allemagne Sud – 6.279 Puzzlestécker bannent 10 Stonnen
- Lëtz Puzzle – 6.090 Puzzlestécker bannent 10 Stonnen
- Les Puzzlinelles – 5.719 Puzzlestécker bannent 10 Stonnen