RTL huet zwee Couragéierte gehollef, hire Léifsten d’Fro vun de Froen ze stellen.

Den Dag vun der Léift steet virun der Dier. Op Vältesdag ginn net nëmme Rouse verschenkt, an et geet ee romantesch iessen, nee, deen een oder aneren notzt dann och d’Geleeënheet, fir den nächste Schratt ze woen an de Partner ze froen, ob en hie bestuede wëll.

Ma virun e puer Wochen huet rtl.lu en Opruff gestart, an deem no Leit gesicht gouf, déi nach viru Vältesdag een Heiratsantrag maache wollten. E e puer Couragéierter hate sech gemellt.

Eng RTL- Ekipp war mat dobäi, wéi de Steve Hermes an der LSC-Live-Show virum Natascha Wolter op d’Knéie gaangen ass a gefrot huet: Wëlls du mech bestueden?

Och iwwerrascht gouf de Steve Stelmes an engem Restaurant zu Klierf vu senger Frëndin, dem Patty Peters. No dräi Joer Bezéiung huet och déi jonk Fra decidéiert, hire Partner ze froen, ob hie wëll zesummen al ginn.