De 14. Mäerz ass net nëmme Vollmound, mee och déi éischte komplett Mounddäischtert vum Joer. D’Kombinatioun vu béidem gëtt als “Bluttmound” bezeechent, well de Mound sech dobäi roudelzeg fierft.
Ëm 4.56 Auer eiser Zäit wäert en an den Hallefschiet vun der Äerd antrieden. Siichtbar gëtt de Naturphenomen vu 6.09 Auer un, wann de Mound an de Kärschiet andaucht. Lues mä sécher wiesselt en dann d’Faarf, an erreecht d’Totalitéit vu senger roudelzeger Däischtert um 7.26 Auer.
A Mëtteleuropa ass de Bluttmound kaum ze gesinn, well e wärend senger Däischtert ënnergeet. Virausgesat d’Wieder spillt mat, ass tëscht 5.00 Auer a 6.30 Auer déi beschten Zäit, fir op d’mannst eng partiell Däischtert ze erliewen. Méi Chance hunn d’Leit a Westeuropa, Westafrika an um amerikanesche Kontinent.
Wann Dir fréi op de Been sollt si fir Iech déi Mounddäischtert net entgoen ze loossen, da schéckt eis gären Är Biller dovun op: foto@rtl.lu
Sollt et déi Kéier näischt gi mam Bluttmound, da kënnt Dir Iech schonn den Datum vun der nächster Mounddäischtert an de Kalenner androen. De 7. September wäert de roude Mound dann och bei eis ze gesi sinn. Sécher. Also virausgesat, d’Wieder spillt mat...
Traditionell gëtt et grujeleg Geschichten iwwer d’Geschicht vun deem Naturphenomen. An der Vergaangenheet war de Mound nuets déi eenzeg Liichtquell. Ouni dat Liicht war et stackdäischter, verbonne mat der Angscht, de Mound géif net méi zeréckkommen.