E Mëttwoch den Owend stoung de Vollmound kuerz no 22 Auer esou déif wéi zanter 18 Joer net méi.

Generell erschéngt de Vollmound am Juni besonnesch déif um Himmel. Dat läit dorun, dass en der Sonn genee géintiwwer steet an dës, ëm dës Joreszäit entspriechend, besonnesch héich steet. A well de Mound esou déif ze gesinn ass, wierkt en aussergewéinlech grouss. Wat awer net wierklech de Fall ass. Well dat mënschlecht Gehier dësen dann automatesch mat Beem, Haiser an aneren Objete vergläiche kann, kënnt et zur optescher Täuschung. Méi héich um Himmel feelen d'Vergläichsméiglechkeeten.

Wisou "Äerdbiermound"?

Net ëmmer gouf e moderne Kalennersystem genotzt, fir d'Joreszäit oder de Mount ze definéieren. Déi indigeen Vëlker aus Nordamerika hu sech zum Beispill no natierlechen Zykle geriicht, dorënner déi verschidde Phase vum Mound. Bei den Urawunner vum Stamm vun den Algonquin war de Begrëff vum Äerbiermound am Gebrauch. Et war en Hiweis op déi Zäit am Joer, an där d'Äerdbieren zeideg ginn.

Och an Europa gëtt et fir de Vollmound am Juni besonnesch Bezeechnungen. "Rousemound" oder "Hunnegmound" beschreiwen Änleches. Trotzdeem bedeit et net, dass de Mound dee Moment eng roudelzeg Faarf unhëlt. Sollt dat awer de Fall sinn, läit et un der Streeung vum Sonneliicht an der Atmosphär, well virun allem déi rout an orange Undeeler vum Liicht an dësem Fall verstäerkt d'Surface vum Mound erreechen an en domat méi waarm liichte loossen.

Deen nächsten Äerbiermound soll iwwregens an 18 Joer, 2043, ze gesi sinn.