Déi amerikanesch Rockband invitéiert dacks Fans op d'Bün, fir eent vun hire Lidder matzespillen. Beim Concert zu Lëtzebuerg goung déi Aktioun awer "schif".

Normalerweis soll den auserwielten a gléckleche Fan "Good Riddance (time of your life)" zesumme mat Green Day spillen. De jonke Mann fänkt och esou un, mee hält no puer Sekonnen op, fir mam Intro vun engem anere Lidd weiderzefueren, dat net vu Green Day ass: "Wonderwall" vun Oasis.

De Frontmann vu Green Day hëlt dem Fan d'Gittar rëm of a seet "Gudde Versuch". "Falscht Lidd, falscht Lidd", seet en ameséiert, wärend de Gaaschtmuseker zréck an de Publikum muss.

De "Virfall" suergt fir international Reaktiounen a gouf net nëmme vun den europäesche Medien opgegraff. Souguer de Frontmann vun Oasis héchstperséinlech, de Liam Gallagher, huet drop reagéiert an op "X" kommentéiert: "De beschte Song vum Owend".

Verschidde Medien no soll de jonke Museker Felix heeschen a 14 Joer al sinn. Wann hien eng Kéier op RTL wëllt "Wonderwall" spillen, da soll hie sech gäre bei eis mellen!