Onéierleche klaut Glieser vum Maacher Drauwen- a Wäifest a gëtt geknipst

© Image Gréiwemaacher Drauwen- a Wäifest / Facebook
Dat kann ee scho culottéiert nennen, wann een hannert dem Réck engem eppes klaut. Ma vläicht war jo keng béis Absicht dobäi...
Esou kéint een den Opruff vun den Organisateure vum Maacher Drauwen- a Wäifest och deiten. Si weisen nämlech drop hin, dass d'Dot en Donneschdeg den Owend virum Centre Culturel Machera net iwwersi gouf.
Do hat tatsächlech eng onéierlech Persoun sech bei de Glieser zerwéiert an dat hannert dem Réck vum Comité, der Wäikinnigin an hire Prinzessinnen. Domm just, dass dat matte wärend dem Fotoshooting war. An anere Wierder, et besti genuch Beweisfotoen.
A genee drop weist den Opruff op Facebook och hin. Et wier een awer gnädeg an et géif een net nach weider detailléiert Fotoe publizéieren. Dat heescht, wann deejéinegen, deen esou hëllefsbereet war, fir d'Glieser, "déi e wuel just fir ze spulle mat Heem geholl huet", e Freideg nees op der Maacher Gemeng ofgëtt.
Wie sech also ugesprach fillt, sollt elo besser d'Spullmaschinn ugeheien...