Grillwurscht a Picon-Béier komme bei de Japaner besonnesch gutt un
Halbzeit fir d’Weltexpo zu Osaka: Vum 13. Abrëll bis den 13. Oktober stellen 158 Länner a 7 Institutioune sech op der kënschtlecher Insel Yumeshima vir.
All Dag zitt d’Expo 2025 eng 110.000 Leit un. An den éischten dräi Méint sinn iwwer 11,6 Millioune Visiteure passéiert, bei ronn 16 Millioune verkaaften Ticketen. Lëtzebuerg ass fir déi 25. Kéier mat engem Pavillon dobäi. An dee kënnt gutt un – virun allem bei de Japaner, déi 90 % vun de Visiteuren ausmaachen.
Zwar kennen déi meescht de Grand-Duché virun hirer Visitt net, ma spéitstens beim Iesse sinn déi lescht verkaf. D’Grillwurscht an d’Gromperekichelcher, ganz aus japaneschen Ingredienten, sinn e richtege "Renner" bei de Japaner. Och wann der vill d’Grillwurscht mat Stäbercher iesse géingen, wéi d’Nancy Braun, Direktesch adjointe vum Lëtzebuerger Pavillon erzielt.
Donieft géingen awer och de Wäin an de Picon Béier de Japaner gutt schmaachen, wéi den Alain Hostert, Responsabel fir d’Restauratioun am Pavillon erkläert. All Sonndeg gëtt et am Lëtzebuerger Pavillon Apero zerwéiert. Hei wier et virun allem de Picon Béier, deen am Beschte fortgeet. Zwar géing dësen net jidderengem schmaachen, ma d’Japaner kéimen ebe grad op d’Expo, fir eppes z’entdecken.
Éier et awer bei d’Iesse geet, kënnen d’Visiteuren de Grand-Duché op interaktiv Aart a Weis kenneléieren. Ugefaangen an der Schlaang, éier een erakënnt. Um Wee stoussen d’Leit op QR-Coden, iwwer déi si 6 Monumenter aus Lëtzebuerg virgestallt kréien. Dorënner d’Gëlle Fra, de Palais, d’Melusina, d’Koeppchen zu Wuermer, den Huelen Zant an d’Veianer Schlass. Banne ginn et dräi Raim, an deenen de Leit op verschidden Aart a Weisen d’Lëtzebuerger Traditiounen, Landschaften a Projete virgestallt ginn. Den Doki Doki, also den “Häerzschlag” vu Lëtzebuerg, zitt sech duerch de ganze Besuch a begeeschtert net nëmmen d’Japaner.
Enn Mee war am Kader vum Lëtzebuerger Dag ënnert anerem de Grand-Duc op Besuch zu Osaka. Säi Fils, den Ierfgroussherzog Guillaume, ass dës Woch fir e puer Deeg zu Osaka, wou hien och vun der Lëtzebuerger Press begleet gëtt. Dorënner och eng RTL-Ekipp, déi schonn een Dag éischter op der Weltausstellung war. D’Impressioune vun hirem éischten Dag am Reportage vum Lynn Cruchten.
En Dënschdeg begleet d’Press dann den Ierfgroussherzog Guillaume bei senger Visitt op der Weltexpo 2025. Donieft steet eng Visitt vun engem Recherchezenter zu Kyoto um Programm.