Zweeten Dag um Dënschdeg vun der Lëtzebuerger Delegatioun, déi den Ament op Visitt a Japan ass.

Hie konnt sech awer och Andréck maachen vun anere Länner, déi op der Weltausstellung present sinn. Ugefaangen huet dem zukünftege Grand-Duc säi Programm awer mat enger Visitt am Recherchezenter vun der Universitéit vu Kyoto, wou och e gebiertege Lëtzebuerger schafft.

Zanter 12 Joer lieft de Yann Pretemener a Japan. Hien huet zu Tokio Bio-Informatik studéiert an huet no sengem Master, op der Kyoto Universitéit ugefaangen an der Immunologie ze schaffen. Am CiRA, dem RechercherInstitut, an deem hien aktiv ass, gëtt u sougenannten iPS-Zelle gefuerscht. D‘Zil wier et, mat deenen iPS-Zellen eben net just Symptomer ze behandelen, mee zum Beispill bei enger Parkinson-Erkrankung, déi Zellen, déi am Gehier net richteg funktionéieren ze ersetzen. Eng konkret Kollaboratioun mat Fuerscher aus dem Grand-Duché huet de Cira Institut nach net, mee den Interessi vu Lëtzebuerger Säit ass op alle Fall grouss.

Uewen um Site vun der Expo heescht um risege Bauwierk a Form vun engem grousse Rank. Mat enger Surface vu ronn 61.000 Quadratmeter steet en als gréissten Holzkonstruktioun am Guinnessbuch vun de Rekorder. An enger Héicht vun 22 Meter huet ee vun der Plattform aus och eng gutt Vue op de Lëtzebuerger Pavillon, an deem mam Ierfgroussherzog Guillaume grousse Besuch ustoung. Och hien hat wéi Dausenden aner Touristen d‘Geleeënheet, Lëtzebuerg a seng Bierger mol anescht z‘erliewen. Nom Tuer duerch déi verschidde Raimlechkeeten huet d‘Ekipp vun der Hotelschoul hien empfaangen. Zënter enger Woch ass den zweete Grupp vu Schüler am Lëtzebuerger Pavillon am Asaz. A fir si war d‘Renconter mam zukünftege Grand-Du eng Éier.

Iwwerdeems dem Ierfgroussherzog säin Dag op der Welt Expo mat engem Tuer iwwert de Grand Ring a weidere Pavillons-Visitten op en Enn goung, hu sech Dausende Leit beim Waasser versammelt, wou all Owend eng spektakulär Show mat Musek  presentéiert gëtt.