Butteker voller Gräif-Automaten, Plastik-Iesse viru Restauranten a Reklammen

© Samantha Weber
Dat sinn déi Saachen, déi engem besonnesch an d’A sprangen, wann een duerch d’Stroosse vun de Quartieren Dotonbori a Shin Sai Bashi Suji zu Osaka trëppelt.
Moies virun 11 Auer ass et an de quasi riichtduerch iwwerdaachte Stroossen zwar nach roueg, ma déi Butteker, déi schonn op sinn, falen op. Dat awer net just duerch déi haart Videospill-Musek, déi aus de Butteker schaalt. Et si virun allem éischter d’Produiten, déi een do kritt. Nieft normale Supermarchéë ginn et zu Osaka nämlech besonnesch vill Butteker mat Automate mat Gräifäerm, oder sougenannte Kugel-Automaten, wéi mir se vun eise Kiermesse kennen. Nieft Petzien a Spillsaache reechen d’Produite vu Schlësselunhänger a Form vun Iesswueren iwwer Schminksaache bis zu Bijoue vu bekannte Marke wéi Yves Saint Laurent oder Dior. Fir Europäer vläicht éischter erausgehäite Suen, ma d’Japaner si begeeschtert vun esou Gadgeten a virun allem vun Automaten.
Iwwerall stinn Automaten uechter d’Stad. An och hei gëtt et bal näischt, wat et net gëtt. Nieft besonnesch ville Gedrénksautomaten, an deenen ee souguer alkoholescht Gedrénks kritt, ginn et Automate fir Hygiènesartikelen, Iessbongen a Fäerdeg-Platen – méi skurril a manner opfälleg placéiert, ginn et der awer och, an deenen ee "gedroen Ënnerwäsch" oder e Libesbréif vun engem Frieme ka kafen.
Wat nieft de villen Automaten opfält, sinn - virun allem am Quartier Dotonbori - awer och déi vill Restauranten, déi hir Plate virun der Dier ausstellen. Net aus richtegen Iesswueren, mä aus Plastik an esou gutt nogemaach, datt een och ouni Honger Loscht drop kritt. Besonnesch hëllefräich ass dat och bei der Sproochebarrière – wien net verstane gëtt oder net weess, wéi säi gewënschte Plat heescht, dee weist dem Personal einfach, wat e gäre wëll. Ma och wann dat net geet, maachen d’Japaner alles, fir dem Client seng Wënsch z’erfëllen.
Fir déi immens héiflech a gedëlleg Japaner– stonnelaang an der Schlaang stoen, ass kee Problem – ass et Prioritéit, datt alles klappt a si nëmmen näischt falsch maachen. Mécht een am Taxi zum Beispill d’Dier selwer op, kréie si d’Gefill, si hätten hir Aarbecht net gutt gemaach.
Nieft de Butteker a Restauranten ass de Quartier Dotonbori awer och fir seng vill Liichtreklamme bekannt. Kënnt een aus dem Quartier Shin Sai Bashi Suji eraus, sinn et d’Héichhaiser voller Reklammen, déi besonnesch erausstiechen. Esou riseg Bildschiermer kennt een zwar och vu London oder New York, ma hei fält besonnesch op, dass et souguer Reklamme mat Toun ginn. Wien also zu Osaka Pub wëll maachen, dee mécht dat hei. An och soss sinn d’Stroosse voll mat Reklammen a Schëlder. Sief dat fir Butteker, Restauranten oder Zerwisser.
Eppes, wat an deene voll gepaakte Stroossen awer och opfält, ass d’Propretéit. Et ginn zwar bal keng Poubellen an der Ëffentlechkeet, ma et gesäit een awer och keng Grëtz Dreck doruechter. A wann emol eppes op de Buedem fält, ass séier een do, deen et opreeft – an da mat dréit, bis en eng Poubelle fonnt huet. Och Zigarettestëmp leien – anescht wéi an Europa – keng um Buedem. Fëmmen ass nämlech iwwerall an der Ëffentlechkeet verbueden – ausser op speziell ofgespaarte Plazen. Ma och wann de Protokoll knapp 1.000 Yen, also ëm 5 Euro, kascht, hale sech d’Japaner – wéi bei allem – un d’Reegelen.
Wéi seet een esou schéin : Andere Länder, andere Sitten. A vun de Japaner kéinte mir Europäer eis a verschidden Hisiichten nach eng Scheif ofschneiden.