EU erlaabt méi Flëssegkeeten am Handgepäck

© AFP
Och wann d'EU mat neie Scanneren de Wee fräi mécht fir eng Lockerung vun de Reegele fir Flëssegkeeten am Handgepäck, kéint d'Ëmsetzung nach daueren.
Behälter bis 100 ml Gréisst, verpak an enger 1-Liter-Plastikstut: Bis ewell hu streng Reegele fir Fluchpassagéier gegollt, wat d'Flëssegkeeten am Handgepäck ugaange sinn. Mat neie Scannere mécht d'EU awer de Wee fräi fir méi labber Reegelen.
D'Europäesch Unioun huet nämlech Scanneren zougelooss, déi flësseg Sprengstoffer zouverlässeg erkenne kënnen a méi grouss Fläschen am Handgepäck theoreetesch erlaben, wéi eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun der Däitscher Presse-Agence sot. D'Ëmsetzung léich elo bei de Fluchhäfen.
Dës wäert awer wuel op ville Fluchhäfen nach eng Zäit daueren, well wuel net all d'Scannere matenee wäerte gewiesselt kënne ginn an d'Passagéier net am viraus wëssen, bei wéi engem Scannere si herno duerch d'Sécherheetskontroll ginn. Deemno wäert ee virop emol nach weiderhi mussen 100-ml-Behälter benotzen.
Den Informatioune vun der EU-Kommissioun no ginn aktuell eng 700 Apparater mat der neier Technik op Fluchhäfen an 21 Länner an der Europäescher Unioun agesat oder installéiert. D'Scannere vum brittesche Produzent Smiths Detection duerchliichten d'Handgepäck mat der Computertomographie, déi och an der Medezin benotzt gëtt.
D'Scannere géingen ouni Tempoverloscht Honnerten Opname vum Gepäck liwweren, wat um Bildschierm eng dräidimensionaler Usiicht an eng schichtweis Duerchliichtung vum Gepäck erméiglecht. Och fest a flësseg Sprengstoffer kënne vun den Apparater erkannt ginn.
D'Reegele fir d'Limitatioun vun de Flëssegkeeten am Loftverkéier goufen 2006 agefouert, nodeems déi brittesch Police e Plang fir d'Sprengung vu Fliger mat Flëssegsprengstoff verhënnert hat.