
De bekannte Stärekach Juan Amador ass dout. Hien ass am Alter vu 57 Joer un Häerzversoe zu Wien gestuerwen, mellen däitsch Medien. Den däitsche Kach mat spueneschen Originne gouf a senger Karriär mat dräi Stären ausgezeechent. Zwee an Däitschland an een an Éisträich. Hie war och op der däitscher Tëlee ze gesinn an den Emissiounen "Kitchen Impossible" an "The Taste".