An eisem Noriichteniwwerbléck geet et dës Woch ëm Kanner, déi hire Quartier verschéineren, an ëm de Kleeschen, dee mat enger ganz spezieller Damplokomotiv op Besuch war. Mir schwätzen iwwer d'COP31, déi ouni Eenegung op en Enn gaangen ass. An och den Testlännermatch vun der Dammennationalekipp war en Thema. Do weise mir iech d'Goler.
Am Reportage bleift et sportlech - d'Kannerreporter Leo an Nevio hunn d'fréier Futtballnationalspillerin Amy Thompson interviewed. D'Topp-Buteuse huet 26 Joer laang Futtball gespillt an an hirer Karriär 35 Goler fir Lëtzebuerg geschoss. Am Interview verréit d'Amy Thompson, firwat si decidéiert huet opzehalen a wat fir si den Ënnerscheed tëschent dem Fraefuttball an dem Männerfuttball ass.
D'Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.
Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.