Mat engem emotionalen Danz um Äis ass d'Show ugaangen. En Owend, dee ganz am Zeeche vun der Solidaritéit stoung, an de betraffene Fraen a Meedercher soll weisen, dass se net eleng sinn an dass et Ënnerstëtzung gëtt. De Message vun de jonke Sportler a Sportlerinnen ass kloer: Nee zur Gewalt, jo zum Respekt.
“Sport huet eng enorm Kraaft, d'Leit ze verbannen, an ech gleewen un de Sport, an ech gleewen och dass de Sport extrem no un de Leit drun ass”, esou d’Organisatrice Mady Elvinger-Werner, "d'Gewalt geschitt oft doheem a familiäre Kaderen oder verstoppt, an d’Sportsveräiner kënnen duerch déi Proximitéit hëllefen, fir dass d’Victimme sech trauen, et matzedeelen.”
Dass esou vill Leit fir dës wichteg Cause beieneekommen, wier impressionant, fënnt déi jonk Äisdänzerin Ysaline Hibon: “Natierlech fillen ech mech als Fra concernéiert. Mä ech mengen, dat Thema geet eis all eppes un. Wann net jiddereen eppes dogéint mécht, wäert et ni ophalen.”
Beim Event “Orange United on Ice” op der Kockelscheier stoungen haaptsächlech Äis-Disziplinnen am Vierdergrond. Mat “Orange United Sport” soll de Mouvement awer och an anere Sportaarte weidergefouert ginn. De Sport als Stëmm géint Gewalt.
Enger EU-wäiter Eurostat-Etüd aus dem Joer 2024 no huet zu Lëtzebuerg bal all zweet Fra am Laf vun hirem Liewe kierperlech oder sexuell Gewalt erlieft – mat 45 Prozent läit de Wäert däitlech iwwer dem EU-Duerchschnëtt. Experte betounen awer, dass déi héich Zuelen och eng méi grouss Bereetschaft weisen, Erlieftes oppen ze nennen.
Eppes wat och d'Sportsministesch Martine Hansen encouragéiert. An hirer Ried op der Äispist huet si iwwert hir eegen, wann och indirekt, Erfarunge mat Gewalt am Stot geschwat. “Wéi ech kleng war, hunn ech leider mat erlieft, datt meng Tatta doheem Gewalt erfuer huet. Et huet mech ëmmer rëm betraff gemaach, dass si awer ëmmer rëm Heem gaangen ass”, erkläert d’Martine Hansen, “keen Affer däerf eleng bleiwe mat Gewalt, an all Affer muss de Courage hunn, fir et ze mellen a sech Hëllef sichen ze goen”.
Mat engem Opruff, d’ASBL Femmes en Détresse finanziell ze ënnerstëtzen, wëllen d'Organisateuren dofir suergen, dass d'Solidaritéit och iwwer dësen Owend eraus weidergeet.