Sief et fir Blummen ze plécken, e bëssen ze spadséieren, Fotoen ze knipsen oder einfach d’spektakulär Atmosphär ze genéissen, dat kann een zu Bartreng.

Op der Avenue de Luxembourg (E44) huet een d’Méiglechkeet, mol aus dem Auto erauszeklammen, an en Tierchen duerch d’Blummewisen ze trëppelen. Dës Felder sinn net nëmmen ugeluecht ginn, fir den Insekten e Pleséier ze maachen oder fir d'Landschaft ze verschéineren, ma och fir datt d'Leit sech e Bouquet gratis plécke kënnen.

Vu jonk bis al, sëlleg Virwëtzeger bleiwe bei de Felder stoen, fir en Ament matten an de sensationelle Wisen ze genéissen.

D’Anna (11) zesumme mat sengem Papp, ass scho fir d’Drëtt op de Blummewisen. "Ech si scho méi oft hei laanscht gefuer an da wollt ech mol plécke kommen. Ech war och schonn zweemol hei, well ech Blumme gären hunn. Ech fanne se ganz schéin a wollt der e puer a mengem Gaart opstellen."

Och de Lucas (20) ass mat senger Schwëster Lara (18) op der Plaz. Si sinn dovu wéinst engem Lëtzebuergeschen TikToker (@mood.luxembourg) gewuer ginn. "Ech fannen et schéin, dass hei sou vill Blumme sinn" , esou d'Lara.

Fir d'Studentin Monika (24) ass et eng "super Location, fir Fotoen ze maachen" an d'Eleonora, déi zu Bartreng schafft an all Moien do laanschtfiert, war et net just de Virwëtz, ma och d'Faarwen an d'Méiglechkeet, do ze spadséieren.

D'Blummewise si vun der Gemeng Bartreng a Collaboratioun mat Jean-Luc Friederich vum Findelshaff, ugeluecht ginn.