Den Jerry vun der Glacëmark Ben & Jerry's verléisst d'Firma

© Getty Images North America/AFP/Steve Jennings
Ee vun den zwee Grënner vun der Glacëmark Ben & Jerry's, den Jerry Greenfield, huet annoncéiert, d'Firma ze verloossen.
Ben & Jerry's huet seng Onofhängegkeet verluer a si kéinten hir Wäerter net méi vertrieden, zanter d'Firma vum brittesche Ris Unilever iwwerholl gouf. Sou heescht et an enger Erklärung. Si wieren "zum Schweige bruecht ginn an ecartéiert ginn". Hie kéint no 47 Joer net méi laang "gudden Gewëssens" fir d'Firma schaffen.
D'Erklärung vum Jerry Greenfield huet säi Partner Ben Cohen an Dënschdeg den Owend Lokalzäit op der Platform X verëffentlecht.
Déi zwee Schoulkomerode Ben and Jerry haten d'Glacëmark 1978 gegrënnt. D'Unilever-Duechter Magnum Ice Cream Company huet hir Firma am Joer 2000 opkaaft.
Unilever huet en Dënschdeg erkläert, de Konzern géif mat der Siichtweis vum Jerry Greenfield net méi iwwerteneestëmmen. Si hätte versicht, mat béide Grënner e "konstruktiivt Gespréich doriwwer ze féieren, wéi déi mächteg, wäert-baséierend Positioune vu Ben & Jerry's weltwäit gestäerkt kéinte ginn". Unilever huet scho méi laang de Verkaf vu senger Glacëbranche annoncéiert.
Schonn 2022 war et zu engem heftege Sträit komm. Deemools hat Ben & Jerry's verlaangt, dass domat soll opgehale ginn, Glacen an israeelesche Siidlungen am Westjordanland ze verkafen. Ouni Succès. De Cohen ass scho méi laang e Kritiker vun der israeelescher Politik