Veggie-Produite sollen net méi "Schnitzel", "Burger" oder "Wurscht" heeschen

© Photo by MARIJAN MURAT / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
E Mëttwoch huet d'EU-Parlament dofir gestëmmt, datt d'Notze vu Begrëffer wéi "Burger", "Wurscht" oder "Steak" fir vegetaresch Produite verbuede soll ginn.
Dës Begrëffer dierft ee just nach benotzen, wann och Fleesch am Produit verschafft ass. 355 vun den Europadeputéierten hu fir dëse Verbuet gestëmmt, 247 waren dogéint. D'Propos war vun de rietse Parteie komm, fir eben Begrëffer wéi "vegetaresch Wurscht" ze verbidden. Et wëll een domadder verhënneren, datt et zu Verwiesslunge mat Produiten, an deene Fleesch verschafft ass, kënnt.
Nach awer ass dës Decisioun nach net duerch, well elo muss d'Thema nach an de Parlamenter vun de 27 Memberstaate verhandelt ginn.
Déi franséisch Europadeputéiert Céline Imart huet den Text, deen e Mëttwoch gestëmmt gouf, opgesat. "Et ass fir Transparenz a fir Kloerheet fir de Konsument ze suergen", seet d'Politikerin vun Les Républicains. "Et soll och d'Aarbecht vun eise Bauere valoriséieren".
Zil wier et awer net, fir déi vegetaresch a vegan Alternativen ze verbidden. "Mä ech setze mech dofir an, datt d’Begrëffer respektéiert ginn an hire richtegen Inhalt behalen", esou nach déi franséisch Politikerin, déi selwer aus dem landwirtschaftleche Milieu kënnt, weider.
Konsumenteschützer awer weise sech vun dësem Vott enttäuscht. "Bal 70 Prozent vun den europäesche Konsumente verstinn dës Bezeechnungen, esoulaang d'Produite kloer als vegan oder vegetaresch gekennzeechent sinn," heescht et vum Europäesche Büro vun de Konsumenteschützer, kuerz BEUC.
Hinnen no hätt d'Consommatioun vu vegetaresch Produiten, déi Fleesch imitéieren, sech zanter 2011 verfënneffacht. Grond dofir wier, datt vill Leit sech méi gesond ernäre wëllen respektiv sech méi fir d'Déierewuel wëllen asetzen an hiren eegenen ekologesche Foussofdrock wëlle reduzéieren. D'Déierenzuucht gehéiert jo zu de groussen CO2-Verursaacher.
Dës Diskussioun huet d'EU-Parlament gespléckt a souguer déi riets Parteie ware sech hei net all eens. Den däitschen Deputéierte Peter Liese huet dëst Diskussioun als Beispill dofir geholl, wéi d'EU-Parlament d'Zäit mat "esou engem Blödsinn" géif verschwenden. "Mir sollen d'Konsumenten net fir Idioten halen", esou den CDU-Politiker. "Wann op enger Verpackung 'vegetaresche Burger' oder 'vegetaresch Zoossiss' steet, ka jidderee selwer decidéieren, ob hien dat kafe wëll oder net".
Et kënnt awer och nach eng Kritik vun enger ganz anerer Säit. D'Hollännerin Anna Strolenberg huet dëst als Schratt vun der "Fleeschlobby" bezeechent, déi esou "déi innovativ Konkurrenz um Maart wëll schwächen". Ganz änlech gesinn dëst d'Produzente vun de Veggie-Alternativen. Fir si ass dëst e Schratt vun der Fleeschproduzenten, fir "d'Progressioun vun de vegetareschen Alternativen ze destabiliséieren". Dem Nicolas Schweitzer vu PDG no géifen d'Firmen, déi vegetaresch a vegan Optiounen ubidden, op eng richteg Demande vun de Konsumente reagéieren.
Luef koum dogéint ebe vun de Fleeschproduzenten. Déi franséisch Interbev fënnt, datt déi vegetaresch Produiten d'Leit duerchernee maachen an "Unerkennung vun engem natierleche Produit ënnergruewen" doduerch datt si "Bezeechnunge fir Fleesch aus marketingteschnesche Grënn fir sech notzen".
Am Joer 2020 nach haten d'EU-Deputéiert esou e Gesetzprojet ofgeleent.