Eng Wäschkiche fir d'SportsveräinerSoziale Projet huet Succès: Laang Waardelëscht fir nei Clienten

Rosa Clemente
Trikoten, kuerz Boxen, Strëmp a Reenjacketten: An der Buanderie "Schweessdrëps" vun der Stëmm vun der Strooss ginn am Joer bal 100 Tonne Kleeder gewäsch.
Soziale Projet huet Succès: Laang Waardelëscht fir nei Clienten
Trikoten, kuerz Boxen, Strëmp a Reenjacketten: An der Buanderie “Schweessdrëps” vun der Stëmm vun der Strooss ginn am Joer bal 100 Tonne Kleeder gewäsch.

Fréier hu sech an de Veräiner dacks d’Elteren ëm dës Tâche gekëmmert: eng Woch hunn déi eng gewäsch, déi aner Woch déi aner. Ma zënter 2005 gräifen eng Rei Sportsclibb hei am Land awer op ee soziale Service vun der Stëmm vun der Strooss zeréck, fir hir Trikote propper ze halen. Am Atelier Schweessdrëps gëtt d’Sportsgezei vun de Veräiner FC Fola, Titus Péiteng, Jeunesse Junglinster a ville méi gewäsch a prett gemaach fir den nächsten Training oder Match.

Dofir zoustänneg si ronn 50 Leit, de Gros vun hinne kënnt aus engem sozial schwaachen Ëmfeld. Ma den Ament loossen 43 Veräiner hir Trikoten an der Buanderie vun der Stëmm vun der Strooss wäschen. An dat fir ee gudde Präis.

D’Demande ass grouss: ronn 70 Clibb stinn op der Waardelëscht fir an Zukunft kënne mat der “Schweessdrëps” zesummenzeschaffen.

Eng RTL-Ekipp war sech déi sozial Wäschkichen zu Suessem ukucken.

Back to Top
CIM LOGO