
Eigentlech probéieren Abriecher esou lues wéi méiglech duerch en Haus ze schläichen a keng Opmierksamkeet op sech ze zéien. Net esou en 30 Joer ale Mann zu Lüneburg an Däitschland. Well hie keng Suen oder Wäertgéigestänn fanne konnt, huet hie kuerzer Hand d’Bewunnerin vum Haus ëm Hëllef bei der Sich gefrot.
Wéi et vun der Police vu Lüneburg heescht, hätt den Abriecher an der Nuecht op e Sonndeg bemol beim Bett vun der 87 Joer aler Pensionärin gestanen. Hien hätt si wakereg gemaach, fir hir matzedeelen, datt hie keng Sue fanne kéint, heescht et. Wéi déi perplex Fra mat him an d’Stuff gaangen ass, hätt si gesinn, datt de Mann schonn all d’Schief an d’Tiräng opgemaach hat.
Wärend d’Fra no hirem Telefon gesicht huet, fir d’Police ze ruffen, hätt den Déif an aller Rou weidergesicht. No enger Zäit wier hien dunn einfach gaangen. Wéi de Mann an d’Haus koum, hätt een der Police no bis ewell net kënnen erausfannen.
Virum Haus hätten d’Beamten awer divers Géigestänn aus dem Haus vun der Fra, souwéi perséinlech Saache vum Täter fonnt. Mat dësen hätt d’Police d’Identitéit vum Abriecher kënnen erausfannen. Festgeholl ginn, wier hien nach net, ma d’Ermëttlunge géinge lafen.