Bei enger neier Episod vu Mënschen a Geschichten zielt den Adrien Neu dem Tessy vu sengen Erfarunge bei der Space Agency, dem Adrien säin Dram ass et, enges Dages Astronaut ze ginn. A mir weisen Iech, wat esou ee vill beschäftegte Mann wéi de Pierre Bley, fréiere Generalsekretär a President vun der UEL, spéider Haffmarschall an och President vun der Œuvre de Secours Grand-Duchesse Charlotte a senger Pensioun mat där viller fräier Zäit mécht.
Mënschen a Geschichten, um 19 Auer op Tëlee Lëtzebuerg an duerno op RTL Play.