Privatsphär besser garantéierenAirbnb verbitt Iwwerwaachungskameraen a Banneraim

RTL Lëtzebuerg
Nach dierfe Proprietären, déi hir Wunneng oder Haus op Airbnb verlounen, Iwwerwaachungskameraen an de Stuffen a Gäng hunn. Domat ass awer geschwë Schluss.

Airbnb huet e Méindeg annoncéiert, datt Sécherheetskameraen an Zukunft an de Logement, déi op hirer Plattform ugebuede ginn, verbuede ginn. Déi nei Virschrëfte géinge vum 30. Abrëll u weltwäit gëllen a solle fir méi Privatsphär suergen.

Bis ewell duerfte Proprietären Iwwerwaachungskameraen a Gemeinschaftsraim wéi Gäng a Stuffen ophänken, wa se däitlech ze gesi waren an d’Gäscht an der Offer doriwwer informéiert goufen.

Ëmmer rëm hu sech awer Gäscht doriwwer beschwéiert, datt si och verstoppt Kameraen an Airbnb-Logementer fonnt hätten, verschiddener dovu souguer a Beräicher, an deene Privatsphär erwaart gëtt.

Airbnb verbitt den Asaz vu Sécherheetskameraen a Banneraim weltwäit. Dëst ass Deel vun eisen Efforten, eis Richtlinne fir Iwwerwaachungskameraen an aner Apparater ze vereinfachen an d’Privatsphär vun eiser Communautéit ze schützen”, heescht et an engem Schreiwes vun Airbnb.

Kameraen am Bausseberäich bleiwen zwar erlaabt, fir d’Sécherheet vun de Gäscht a fir ze garantéieren, datt keen an d’Wunneng kënnt, deen net soll. Trotzdeem ginn och hei d’Reegele vum 30. Abrëll u verschäerft.

Eist Zil war et, nei, kloer Reegelen ze schafen, déi eiser Communautéit méi Kloerheet doriwwer gëtt, wat si op Airbnb erwaarde kann”, huet d’Juniper Downs, d’Cheffin vum Departement Community Police and Partnerships, erkläert.

Kameraen u Schellen a Geräischmoniteure wäerten iwwerdeem och weiderhin erlaabt bleiwen, fir d’Sécherheet vum Haus ze garantéieren. D’Gäscht vun Airbnb-Wunnenge mussen awer och iwwer d’Sécherheetskameraen am Fräien informéiert ginn. D’Kameraen dierfen awer och hei net iwwer Duschen oder Saunaen hänken, déi bausse sinn.

Back to Top
CIM LOGO