
Zu North Yorkshire huet e Mann de Weekend gemierkt, datt ee sech mat ze vill Alkohol intus léiwer net hannert d’Steier sëtzt.
Wéi brittesch Medie mellen, hätt den alkoholiséierte Mann beim Noutruff ugeruff an erkläert, datt hien an der Stad Knaresborough wier an “e schwéiere Weekend” gehat hätt. Hie wier “alkoholiséiert hannert dem Steier a wéisst net, wat hie mécht”.
Bei der Kontroll vum Chauffer op der Plaz hätt en Alkoholtest dunn e Promillwäert erginn, deen den erlaabte Grenzwäert ëm dat Dräifacht iwwerschratt huet. De Mann gouf wéinst dem “Verdacht op Dronk hannert dem Steier” festgeholl an huet d’Nuecht missen um Policebüro verbréngen, heescht et weider vun der Police.