Hongerege Brigang zu KielAlkoholiséierte Mann brécht a Bud op Chrëschtmaart an a klaut kandéiert Äppel

RTL Lëtzebuerg
Net just alkoholiséiert, mä wuel och mat Honger op Séisses, ass an der Nuecht op en Donneschdeg e Mann zu Kiel an eng Bud um Chrëschtmaart agebrach.

Géint 3 Auer ass engem Mataarbechter vum lokale Sécherheetsservice opgefall, dass eng Persoun um Kieler Chrëschtmaart an d’Bud mat de Séissegkeeten agebrach war a sech do verstoppt huet. Déi erbäigeruffe Police huet de Mann vun 28 Joer, deen nawell déif an d’Glas gekuckt hat, festgeholl.

De Mann huet missen en Otemtest maachen, deen um Enn e Wäert vun 1,6 Promill ugewisen huet. Ma eppes war nach opfälleg: seng Jackette. Dodran hat hien e puer kandéier Äppel stiechen, déi hie sech an der Bud geholl hat.

Ob hien nach dozou koum, een z’iessen, ass net gewosst, wéi aus dem Bericht vun der Kieler Police ervirgeet. Nodeems seng Donnéeën opgeholl a sämtlech Moossnamen ofgeschloss waren, duerft de Mann nees goen. Hien dierf sech lo iwwer e Geriichtsverfare freeën.

Back to Top
CIM LOGO