AustralienAlkoholiséierte Mann fiert Honnerte Kilometer ënner Chassis vu Camion mat

RTL Lëtzebuerg
Säin Heemwee no engem Owend mat vill Alkohol huet sech en 43 Joer alen Australier anescht virgestallt. Hien ass ronn 400 Kilometer ze wäit gereest.
© AFP/Archiv/WILLIAM WEST

Wéi et vun der Police heescht, hat de Mann zu Nambucca Heads am Bundesstaat New South Wales “e bëssen” ze vill gedronk a wollt sech du vun engem Camion mathuele loossen, andeems en ënnert de Chassis vun dësem klëmmt a sech unhält. Bei enger Rouder Luucht an engem Duerf, dat ronn 40 Minutte wäit fort läit, wollt de Mann dunn erofklammen. De Problem: De Camion hat déi ganz Faart iwwer gréng an ass bal 5 Stonnen ouni Paus an de Bundesstaat Queensland gefuer, also 400 Kilometer un der gewënschter Destinatioun laanscht.

Wéi Beamten hien dunn un enger Strooss entdeckt hunn, war den 43 Joer ale Mann nom laangen Trajet komplett orientéierungslos. Blesséiert war hien awer net. Well en um “Deel vun engem motoriséierte Gefier, deen net fir Fuergäscht oder Gidder geduecht ass” matgefuer war, misst de Mann awer eng Strof vun 288 australeschen Dollar (ëmgerechent 173 Euro) bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO