
Den Doud ass an eiser Gesellschaft nach ëmmer en Tabuthema. Fir d’Myriam Schmit ass dat e Paradox. Mir géife vill dofir maachen, fir gesond ze bleiwen a méi laang ze liewen, ma mam Enn vum Liewen wéilte sech déi mannste beschäftegen. Als Trauerriednerin gëtt si mat dësem Thema reegelméisseg konfrontéiert. Dobäi geet et hir net drëms, einfach nëmmen e Liewenslaf vun enger verstuerwener Persoun virzeliesen. Ier si eng Ried schreift, sicht si d’Gespréich mat der Famill, mat Frënn an deelweis och mat Aarbechtskolleegen.
Et sinn d’Geschichten, d’Anekdoten an déi kleng Detailer, déi fir si wichteg sinn. Si wëll erausfannen, wat fir ee Mënsch do Äddi seet a wéi déi Persoun vun aneren erlieft gouf.
"Dat ass mäi But, dass ech de Mënsch duerstelle mat all senge Facetten, wéi e war als Fra, als Mamm, als Boma, op der Aarbecht, als Nopesch, am Sport, am Hobby, also all déi verschidde Kasketten, déi mer unhunn.“
Doraus soll eng Ried entstoen, an där Famill a Frënn déi verstuerwe Persoun erëmerkennen. Fir d’Myriam Schmit ass dat ëmsou méi wichteg, well et just eng Geleeënheet gëtt, fir engem Mënsch dëse leschten Hommage ze maachen.
"Dat muss wierklech mënschlech, perséinlech sinn.“
Perséinlech heescht awer net, datt eng Trauerfeier nëmme schwéier an traureg muss sinn. Fir d'Myriam Schmit dierf bei engem Abschid och emol geschmunzelt ginn. Eng kleng Mack, en typesche Sproch oder eng witzeg Anekdot kënnen nämlech genee esou zu engem Mënsch gehéieren.
"D'Laachen ass jo net dee Moment kee Respekt virun där Persoun hunn, mee et ass einfach: Ha jo, esou war en, mat all sengen Defauten an all senge gudde Säiten, déi en hat.“
An domat steet bei enger Trauerfeier net nëmmen den Doud am Mëttelpunkt. Et geet nach eng Kéier ëm d'Liewe vun deem Mënsch: ëm seng Perséinlechkeet, seng Geschichten an déi Erënnerungen, déi bei der Famill a bei de Frënn bleiwen.
Wann e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin stierft, da feelt net einfach nëmmen eng Persoun, déi eng bestëmmten Aarbecht gemaach huet. Et feelt och e Mënsch, mat deem een iwwer Joren e groussen Deel vu sengem Alldag gedeelt huet.
„Wann een 10, 15 oder 20 Joer an engem Betrib schafft mat engem Kolleeg, dann huet ee mat där Persoun eigentlech méi Zäit verbruecht wéi mat sengem Partner doheem. Dat ass net nëmmen en Aarbechtskolleeg, dat ass en Deel vun engem Liewen.“
Besonnesch schwéier kann et fir d'Kolleege sinn, wann d'Begriefnes am enke Familljekrees stattfënnt. Da feelt hinnen eventuell d'Méiglechkeet, selwer Äddi ze soen. An awer bleift d'Erënnerung un déi verstuerwe Persoun op der Aarbechtsplaz ganz present.
"Wann deen op eemol net méi do ass an och deen eidele Stull, dat eidelt Pult oder wou deemno a wéi engem Environnement e geschafft huet, dat mécht immens vill mat de Leit.“
Genee do setzt d’Myriam Schmit mat Trauerfeieren an Entreprisen un. Am Virfeld schwätzt si mat de Mataarbechter a sicht no deene Geschichten an Erënnerungen, déi si mat hirem verstuerwene Kolleeg oder hirer verstuerwener Kolleegin verbannen.
"Do kommen dann Entreprisen op mech duer, an dann halen ech innerhalb vun der Entreprise eng Cérémonie d’adieu fir d'Aarbechtskolleegen.“
Esou eng Zeremonie muss net wéi eng klassesch Trauerfeier ausgesinn. Amplaz vun enger Urn kënnen Objeten am Mëttelpunkt stoen, déi direkt un de gemeinsamen Aarbechtsalldag an un déi verstuerwe Persoun erënneren.
"Ech versichen dee Moment mat Objeten ze schaffen, déi déi Persoun um Büro duergestallt huet. Dat ka säin eidele Stull sinn, dat ka seng Kaffistass sinn, eben déi perséinlech Saachen, déi een op sengem Pult oft emol stoen huet.“
Et geet drëm, der Trauer och op der Aarbechtsplaz e Raum ze ginn. Dat kann zum Beispill mat enger Käerz oder engem Buch geschéien, an deem d'Kolleege perséinlech Wierder, Erënnerungen oder Fotoen hannerloosse kënnen.
Heiansdo entsteet dobäi awer och eng Erënnerungsplaz, déi méi laang bleift.
"Ech hat och schonn de Fall, dass mer e Bam geplanzt hunn. A wann zum Beispill eng Firma eng Méiglechkeet huet, an hirem Park e Bam ze planzen, a Mataarbechter kënnen dat maachen, an du kanns an denger Paus mol bei dee Bam goen, dat hëlleft de Leit immens.“
Esou eng Plaz kann de fréiere Kolleegen och méi spéit nach d’Méiglechkeet ginn, sech bewosst un déi verstuerwe Persoun ze erënneren. Well och wann d'Aarbecht weidergeet an den eidele Stull iergendwann nees besat ass, verschwënnt déi gemeinsam Zäit net einfach.
Trauerriednerin: Wann den Abschid esou individuell ass wéi d’Liewen