
Wéi d’Police vun Dresden matdeelt, hätte verschidde Partygänger vun der Geleeënheet profitéiert, an hiert Gedrénks mat de falsche Sue bezuelt. D’Héicht vum Schued wier nach net bekannt.
Gefeiert gouf am Véierel “Weißer Hirsch”, dee fir seng Ville bekannt ass. D’Schäiner hätten de richtegen Euro-Schäiner staark geglach an déi donkel Beliichtung an der Diskothéik hätt d’Falschgeld-Aktioun deementspriechend nach weider vereinfacht.