Neit GesetzAm däitsche Warnhiweis fir Medikamenter gëtt elo gegendert

RTL Lëtzebuerg
"Zu Risiken und Nebenwirkungen lesen Sie die Packungsbeilage und fragen Sie Ihre Ärztin, Ihren Arzt oder in Ihrer Apotheke" heescht et zanter e Mëttwoch.
© dpa/AFP/Archiv/Matthias Hiekel

De fréieren Text, an dem bis ewell just dozou gerode gouf, den “Arzt oder Apotheker” ze froen, war bal 30 Joer laang genotzt ginn. Wéi et vum däitsche Gesondheetsministère heescht, soll dëse wéinst “der Benotzung vum generesche Maskulin” zanter Jore “Géigestand vun Diskussioune” gewiescht sinn, wouropshin am Summer dës Ännerung gestëmmt gouf.

Den Ëmstellungsopwand soll fir d’Pharmaentreprisë minimal sinn. Well den neien Text e bëssi méi laang ass, wéi den ale vu 4 Sekonnen, kéinten eventuell méi Käschte fir d’Publicitéit ufalen.

Back to Top
CIM LOGO