
D’Fra ass fir hir Operatiounen a Mexiko gereest a wollt sech do d’Broscht straffe loossen. Och d’Haut, déi ze vill ginn ass, nodeems si 150 Pond (bal 70 Kilo also) ofgeholl hat, wollt si ewechmaache loossen.
D’Resultat war awer alles anescht wéi erwaart.
Amplaz vun der Broschtstraffung huet d’Kimberly McCormick Implantater do agesat kritt. Se sinn deemno nees méi grouss. Si krut och net déi iwwerschësseg Haut ewechgemaach, mä eng brasilianesch Puppes-Liftung. En Agrëff mat nawell engem grousse Risiko, respektiv dem héchste Stierflechkeetstaux ënnert de Schéinheetsoperatiounen.
Der Kimberly McCormick hir Duechter sammelt elo op “gofundme” Spenden, fir d’Agrëff nees réckgängeg ze maachen. Et hätt sech och en Dokter gemellt, deen déi geféierlech Operatioune wëll duerchféieren, ma dat kascht souguer nach méi.