Am GazasträifArcheologe gruewen 2.000 Joer al réimesch Griewer aus

RTL Lëtzebuerg
Am Gazasträif hu palestinensesch Archeologen eng gréisser Decouverte gemaach: si hu véier 2.000 Joer al Griewer ausgegruewen.
© AFP/Mahmud HAMS

Een Archeolog sot der Noriichtenagence AFP, d’Decouverte géif et méiglech maachen. ee kompletten réimeschen Kierfecht ze rekonstruéieren. Et wier déi éischt “vollstänneg réimesch Nekropol”, déi am Gazasträif ausgegruewe gouf.

Et wieren iwwerdeems och Keramikfragmenter a Metalldeeler fonnt ginn, déi warscheinlech a Begriefnes-Ritualer genotzt goufen. D’Archeologen hunn ausserdeem zwee Särg ausgegruewen, vun deenen ee mat Wäindrauwen an ee mat Delfinen dekoréiert ass.

Finanzéier goufen d’Ausgruewunge vum Kulturinstitut British Council. Den Archeologen no ginn d’Mëttel, déi si kréien, awer net duer.

Back to Top
CIM LOGO