
Ob elo tatsächlech eng kriminell Intentioun vun der Fra am hesseschen Eschwegen hannert dem Iwwerfall stécht, ass net gewosst. Kloer ass, et muss ee schonn elle verzweiwelt sinn, wann een eng Apdikt iwwerfält an dat mol net fir d’Suen aus der Keess ze kréien, ma well ee Medikamenter brauch.
An der Uertschaft Werra-Meißner-Kreis huet eng arméiert Fra eng Apdikt iwwerfall. Wéi d’Police spéider matgedeelt huet, hat si dem Apdikter e Mëttwoch den Owend eng Waff virun d’Nues gehalen an huet no zwee Medikamenter gefrot. Nodeems si déi gefuerdert Produite krut, ass si nees verschwonnen an an engem klengen däischteren Auto fortgefuer.