Gérard DepardieuArtiste stelle sech géint "d'Lynche" vum "leschten hellege Monster" vum Kino

RTL Lëtzebuerg
Och de Gérard Depardieu wier onschëlleg, bis seng Schold bewisen ass, esou verschidde vun dëse Schauspiller an Artisten.
© AFP/Archives

Zeenen aus enger Dokumentatioun iwwert de bekannte franséische Schauspiller, déi op France 2 ausgestraalt gouf, hunn d’Diskussioun ëm den Depardieu bei eise franséischen Noperen nees massiv ugefeiert. Zanter 2020 leeft jo schonn eng Enquête wéinst méiglecher Vergewaltegung géint den Depardieu. Déi ganz Saach huet sech schonn zu engem politesch-mediale Skandal héichgeschaukelt.

Kritik un dëser Virgoensweis kënnt elo aus den eegene Reien. Schauspiller a Regisseure wéi de Bertrand Blier, de Pierre Richard, d’Carole Bouquet oder och nach d’Carla Bruni weise sech enttäuscht. Enger Ausso no géifen d’Attacke géint den Depardieu och eng Attack géint de franséische Kino bedeiten. Vill Leit maachen do nämlech guer net den Ënnerscheet tëscht der Persoun an der Konscht, esou d’Kritik. Beim Gérard Depardieu géif dann och d’Présomption d’innocence net esou respektéiert ginn, wéi wann hien en normale Bierger an net e Gigant vum Kino wier.

Änlech Téin ware jo scho vum franséische President Macron komm, dee gefuerdert hat, den Depardieu net an der ëffentlech ze verurteelen, bis d’Geriichter hir Aarbecht gemaach hunn.

Ma och dës Aussoe vu President a bekannte franséische Perséinlechkeete suerge fir Kriticken, dat aus de Reie vun de Feministen. Esou Aussoe géifen nämlech e falscht Signal un d’Affer an un d’Ëffentlechkeet schécken, datt déi menge kéinten, datt d’Affer vu sexuellem Mëssbrauch oder esouguer Vergewaltegunge guer keng Affer wieren. Detailer zu der ganzer Affär a weider Aussoe vu béide Parteie fannt der bei de Kolleege vun RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO