
An der Géigend vun der Gare zu Essen hunn Onbekannter eng Attrapp vun engem mënschleche Kierper op de Gleiser ofgeluecht an domat e Rettungsasaz ausgeléist. Wéi d’Bundespolice vu Sankt Augustin matdeelt, hat de Lokomotivfürer vun engem Schnellzuch e Sonndeg de Moien e bluddege mënschlechen Torso op de Schinne bei der Gare Essen-West entdeckt an d’Police informéiert.
Op der Plaz huet sech d’Attrapp allerdéngs als preparéiert Jeansbox erausgestallt. Duerch d’Zerrappen an d’Opstoppe vun de Boxebee souwéi der rouder Faarf a Plastiksschanken hätt d’Attrapp “e bal echten Androck” gemaach, heescht et vun der Police. Dës wier esou placéiert gewiescht, datt et wéi en Accident geschéngt huet. De Maschinist vum ICE a Richtung München hätt duerch de Virfall ënner Schock gestanen.
Ausserdeem koum et wéinst der falscher Noutsituatioun zu enger Rei Annulatiounen a Verspéidungen am Zuchtrafic. Wéinst dem Virtäusche vun enger Noutlag goufen Ermëttlunge lancéiert.