Tëscht Passioun an InvestitiounAueren an Oldtimeren als Wäertanlag

RTL Lëtzebuerg
Vun Oldtimeren, iwwer rar Sneaker, bis Konscht: och zu Lëtzebuerg gëtt a Prestige-Objeten investéiert.

Mir hunn zwee Sammler kennegeléiert, déi eis verroden, wéi ee Passioun a Gewënn matenee verbanne kann.

Aueren an Oldtimeren als Wäertanlag
Vun Oldtimeren, iwwer rar Sneaker, bis Konscht: och zu Lëtzebuerg gëtt a Prestige-Objeten investéiert.

Hien huet ee klenge Faibel fir italieenesch Autoen, virun allem fir déi méi al Modeller. Dat mierkt een, soubal een e Fouss an dem Luca Turci seng Garage setzt. Oldtimeren si säin Hobby. An eng Passioun, déi hie mat sengem Papp deelt. Dofir hätte seng Oldtimeren fir hien och haaptsächlech en emotionale Wäert. Ma och fir de finanzielle Wäert huet de 27 Joer alen Autos-Geck fréi en Interessi entwéckelt.

“Zënterdeem ech verstanen hunn, wéi e Computer funktionéiert, hunn ech direkt ëmmer d’Präisser gekuckt, d’Entwécklung vum Marché, wéi eng Autoen eng potentiell Croissance hunn a sou weider. Dat ass dat, wat ech ëmmer probéiert hunn, mengem Papp ze erklären (laacht).”

Seng Passioun fir Autoen zitt sech wéi e roude Fuedem duerch dem Luca säi Liewen, souwuel a sengen Etuden wéi och a senger professioneller Karriär, an där hie scho bei groussen Nimm wéi Ferrari a Mercedes konnt schaffen. Ma eppes misst engem a punkto Oldtimer bewosst sinn: et ass kee bëllegen Hobby, a keen einfachen Investissement. Reparaturen an Ersatzstécker kënnen an d’Geld goen.

“Einfach just kafen, 5 Joer an d’Garage stellen, an duerno mengen, e mat sou vill Gewënn ze verkafen, dat ass immens schwiereg. Well virun allem: et si ‘Fahrzeuge’, a keng ‘Stehzeuge’. Dat heescht, déi Autoe musse beweegt ginn, well duerch d’Stoen, komme Standspueren. A fir déi erëm an d’Rei ze maachen, muss ee rëm vill investéieren, fir den Auto nees un d’Goen ze kréien. An da geet ee meeschtens iwwert säi Budget eraus.”

Timing ass alles, wann een an en Oldtimer investéiere wëll. “Dat Bescht ass natierlech, wann een zum richtegen Zäitpunkt den Auto kaf huet, éiert dass de Präis an d’Luucht gaangen ass”, esou de Luca Turci. Mä wéini d’Valeur vun engem Auto an d’Luucht geet, ass schwéier virauszesoen.

Dofir deelt de Luca puer generell Tipps mat eis, fir jiddereen dee sech fir en Oldtimer als Wäert-Anlag interesséiert:

  • Eng Begleetpersoun mathuelen, fir den Auto kucken ze goen: véier Ae gesi méi wéi zwee! Virun allem, wann den Auto ee “coup de coeur” ass, kann en objektive Bléck net schueden. A wann Dir d’Chance hutt, kennt Är Begleetpersoun sech mat Oldtimeren aus a kann Iech beroden.
  • Den allgemengen Zoustand an d’Karosserie iwwerpréiwen: informéiert Iech am beschte schonn am Virfeld iwwert déi typesch Schwaachstelle vum concernéierte Modell.
  • Den Historique vum Auto: kann de Verkeefer e reegelméissegen Entretien noweisen? Gëtt et Rechnunge vun eventuelle Reparaturen oder Aarbechten? Wat den Historique méi komplett ass, wat besser.
  • Autoen, déi Coursse gefuer sinn oder zum Beispill duerch ee Film oder aus anere Grënn bekannt gi sinn, gewannen am warscheinlechsten iergendwann u Wäert.

“C’était devenu un marché qui était trop spéculatif”

Dem Pierre Ardizzoia säin Häerz schléit fir rar Aueren. Hien ass Gerant vun engem Occasiouns-Auere-Geschäft an der Stad an ass zanter méi wéi 30 Joer am Business. Ma wie lo mengt, dass Occasioun gläichzestellen ass mat “gënschteg”, deen iert sech. Mir beweegen eis hei am Luxus-Segment, wou Aueren och mol eng beléifte Wäertanlag sinn. Grad mat Modeller vun de Gigante Rolex a Patek Philippe konnt ee jorelaang séier a vill Sue maachen. Et gouf net nëmmen investéiert, mä och spekuléiert. Ma déi Bull ass geplatzt.

“Si vous voulez acheter une montre, simplement pour la revendre rapidement – et bein, c’était bon il y a un an. Il y a un an, les prix ont flambé, les listes d’attente étaient complètes chez diverses manufactures. Pourquoi? Parce que sur 10 clients, il y avait 8 clients qui voulaient juste acheter cette montre, traverser la rue et la revendre au meilleur prix pour prendre un billet. Mais le train est passé, c’est terminé.

Fir eng Auer, déi de Wäert hält, misst een e Budget vun op mannst 5.000 Euro virgesinn. Dem Pierre Ardizzoia seng Devise ass awer souwisou: et soll ee kafen, wat engem gefält – an d’Auer esou laang wéi méiglech halen!

“Le temps est votre meilleur allié. Au moment où vous allez peut-être revendre cette montre, si vous avez de la chance, la référence sera arrêtée. C’est-à-dire que le modèle n’existera plus chez la manufacture. Et donc elle aura pris de la valeur, elle aura un intérêt pour les collectionneurs.

Modeller, an déi typescherweis gär investéiert gëtt, well se zimmlech wäertstabil sinn: Rolex “Daytona”, Rolex “Submariner” a Patek Philippe “Nautilus”. Domat kann de Pierre Ardizzoia privat awer net vill ufänken. Fir hien gëtt et nämlech bal näischt méi Schlëmmes, wéi un all Handgelenk déi selwecht Auer ze gesinn.

D’Reportage-Serie um Radio

Back to Top
CIM LOGO