Fläschestëpp, Liewensmëttelverpackungen a Kleederbigele si just e puer Beispiller vu Saachen, déi aus Polypropyle bestinn. Et ass eng Zort Plastik, déi besonnesch schwéier ze recycléieren ass. Seng Zersetzung an der Natur ka sech iwwer honnerte vu Joren zéien. En australescht Fuerschungsteam huet awer elo eng Entdeckung gemaach, déi dësen Zersetzungsprozess signifikant reduzéiere kéint: Si hunn e Pilz aus dem Mier extrahéiert, deen Polypropylen ofbaue kann.