No Accident a Rheinland-PfalzAuto mellt Farerflucht vun 18 Joer jonker Fra

RTL Lëtzebuerg
Eng jonk Automobilistin ass widder d'Leitplank gerannt a weidergefuer. D'Police konnt si awer ermëttelen, dat duerch den Accident-Melde-System vum Won.
© AFP Archiv

De System vun hirem Auto, fir Accidenter ze mellen, huet enger Automobilistin e Protokoll bruecht. De System, deen am Gefier verbaut ass, hat e méi staarken Opprall op enger Bundesstrooss bei Hettenleidelheim gemellt. Well d’Zentral awer kee Kontakt zu der Fra hierstelle konnt, ass d’Police alarméiert ginn. Op der Plaz konnten d’Beamten allerdéngs keen accidentéierten Auto fannen.

Iwwert d’Donnéeë vum Auto hunn d’Polizisten d’Adress vun der jonker Fra erausfonnt a si och do ugetraff. Wéi sech erausgestallt huet, wier si vun der Fuerbunn ofkomm an hätt d’Leitplank gerammt. Doropshi wier si onerlaabt weider gefuer, ouni ze wëssen, datt de Sécherheetssystem vun hirem Auto den Opprall scho gemellt hat.

Back to Top
CIM LOGO