San FranciscoAuto rennt a chineesescht Konsulat - Chauffer erschoss

RTL Lëtzebuerg
E grousse Schreckmoment gouf et fir d'Mataarbechter vum chineesesche Konsulat an der US-Stad San Francicso.
© Photo by Laure Andrillon / AFP

En Auto ass an d’Receptioun vum Gebai gerannt an huet hei fir schwéier Schied gesuergt huet. Wéi d’Police op d’Plaz koum, hu si kuerz mat der Persoun geschwat, dono awer op de Won geschoss. De presuméierten Täter koum doropshin an d’Spidol, wou e gestuerwen ass.

An engem Video an de soziale Medien ass ze gesinn, wéi d’Gefier an der Lobby, déi komplett zerstéiert ass, steet a Mënschen hektesch probéieren, d’Gebai ze verloossen.

Zu de méiglechen Hannergrënn vun der Dot hunn d’Autoritéiten nach näischt gesot. Och, ob et sech beim Chauffer ëm e Mann oder eng Fra handelt, gouf net offiziell bekannt gemaach, och wann an de soziale Medien vun engem Mann geschwat gëtt. De Fall géif nach ënnersicht ginn, heescht et vun der Police. Dat chineesescht Konsulat huet an enger Matdeelung déi “gewalttäteg Attack” verurteelt.

Nächste Mount ass de Sommet vun den Asien-Pazifik-Staaten an der kalifornescher Stad geplangt, zu deem wuel och de chineesesche Staatschef Xi Jinping kéint reesen. Dëst huet China awer nach bis ewell net confirméiert.

Back to Top
CIM LOGO