RekordverdächtegAuto zu Metz war iwwer 100 km/h ze séier ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
De leschte Samschdeg hat d'Police zu Metz Vitesskontrollen op der Voie Valéry Giscard d'Estaing gemaach, wou et méi dacks zu Verstéiss kënnt.
© AFP

Géint Enn vum Dag war ee 47 Joer alen Automobilist aus Woippy wéinst enger extreem héijer Vitess vun der Police ugehale ginn. Hie war mat 175 km/h ënnerwee, wou nëmme 70 km/h erlaabt waren. Wéi de Républicain Lorrain gemellt hat, krut de Chauffer nach op der Plaz e Fuerverbuet vu sechs Méint an donieft e Rendez-vous beim Tribunal vun der Police zu Metz.

De Mann konnt d’Policekontroll doropshin als Bäifuerer vu sengem Gefier verloossen. Vun de Polizisten heescht et, et hätt een an der Regioun ëm Metz nach ni sou eng héich Vitess gemooss.

Back to Top
CIM LOGO