
Um fréie Sonndegmoien ass op der A81 engem Camion, deen a Richtung Stuttgart ënnerwee war, de viischte rietse Pneu vum Unhänger geplatzt. Doropshi koum de Camion vun der Fuerbunn of, ass an d’kalifornesch Mauer an dono an déi mëttels Leitplank gerannt. De 20 Joer ale Chauffer gouf liicht beim Accident blesséiert.
De 40 Tonner war mat 21 Tonne Kebabfleesch belueden, wouvun en Deel beim Accident op d’Fuerbunn gefall ass. E Renault, deen hannert dem Camion war, gouf beschiedegt, wéi den Auto iwwer d’Spiisse gefuer ass.
Um Camion an der Charge ass e Materialschued vu geschat 70.000 Euro entstanen. De Schued um Renault läit bei ronn 1.000 Euro an deen un der Autobunn-Infrastruktur bei ronn 20.000 Euro.
Wéi de “Spiegel” schreift, war d’Autobunn nach bis an den Nomëtteg eran tëscht Tauberbischofsheim an Ahorn gespaart. D’Biergungs- an Opraumaarbechte solle viraussiichtlech nach bis owes spéit daueren.