
D’Autoritéite vun der japanescher Stad Fukuyama hunn d’Awunner virun enger cheemesch verseuchter Kaz gewarnt. Si wier an enger Fabrick wuel an e Behälter mat enger geféierlecher Chemikalie gefall. E Méindeg hat e Mataarbechter de Pattenofdrock vun enger Kaz beim Eemer entdeckt. Um Video vun enger Iwwerwaachungskamera war dunn ze gesinn, wéi d’Kaz vum Gelänner vun der Fabrick gelaf ass. Bis en Dënschdeg am Nomëtten hat keen d’Kaz gesinn.
Am dräi Meter déiwen Eemer war Chrom VI, dee kriibserreegend ass an d’Haut staark reize kann. E Spriecher vun der Fabrick huet direkt nom Virfall d’Police an d’Awunner informéiert. “De Virfall huet eis alarméiert. Mir musse Mesuren ergräifen, datt kleng Déiere, wéi Kaze sech net an d’Fabrick schläiche kënnen.”