
“Mir soen ‘Nee’ zu enger Hausse”, huet de Söder bei enger Versammlung vun der CSU-Fraktioun zu Kloster Banz gesot. Dofir ass et och seng Propos un d’Vertrieder vum Landtag, fir géint eng Hausse vun der GEZ ze stëmmen. Fir Suen ze spueren, misst een “op d’mannst 20 Sender”, déi iwwert d’GEZ finanzéiert ginn, sträichen.
Datt déi ëffentlech-rechtlech Sender an Däitschland reforméiert solle ginn, dat gëtt scho méi laang diskutéiert. Nieft der ARD an dem ZDF ginn et jo nach déi sougenannt “Drëtt"-Programmer, déi dacks méi Regional opgestallt sinn. Zu dem Thema wëll en Donneschdeg eng onofhängeg Kommissioun zu Berlin e Rapport virleeën.
Ënner anerem ass et d’Propos vum Söder, wéi Sender wéi de Radio Bremen oder de saarlännesche Rundfunk opzeléisen an dëst an den Norddäitsche Rundfunk respektiv de Südwestrundfunk ze integréieren.
Der CSU no sollen op d’mannst 14 vun de 75 Radiosender a fënnef vun den 10 Tëleeschaînen, wéi d’Sender One, Alpha oder Tagesschau24, ofgeschaaft ginn. Och sollen Arte an 3Sat an Zukunft zesummen en internationale Programm entwéckelen.
Weider sollen der Chrëschtlech Sozialer Unioun no d’Sendungen, déi op Ënnerhalung opgebaut sinn, op de Senderen, déi bestoe bleiwen, reduzéiert ginn. Dës wieren net de Käroptrag vun den ëffentlech-rechtleche Chaînen. Den Undeel vun Informatiounsemissioune misst dem Markus Söder no bei 60 Prozent leien.