Klimawandel verännert Ubau vun HappBéier an Zukunft méi deier bei manner Qualitéit?

RTL Lëtzebuerg
Wann de Béier fad schmaacht, da kéint dat manner un der Produktioun u sech leien, ma éischter um Klimawandel.
© AFP Archivbild

Duerch dat verännert Klima kréien et d’Happ-Baueren an de groussen Ubaugebidder an Europa an den nächste Jore wuel ëmmer méi schwéier. Net just, dass d’Quantitéite vum Happ wäerte méi kleng ausfalen, wéi aus enger aktueller Etüd ervirgeet, och de Goût wäert sech veränneren. D’Hëtzt an d’Dréchent wierke sech op de Gehalt vun der sougenannter Alphasaier aus, dee wichtegsten Aromastoff, deen dem Béier de battere Goût gëtt.

Déi international Ekipp, déi hir Auswäertung um Site “Nature Communications” verëffentlecht huet, huet “direkt Upassungsmoossname” gefuerdert an hält méi grouss Ubaufläch fir néideg.

Zu den am Ganze fënnef ënnersichten Ubaugebidder zielen Hallertau a Spalt a Bayern souwéi d’baden-württembergescht Tettnang. Dobäi kommen zwou Regiounen an Tschechien a Slowakei. Am Zäitraum 2021 bis 2050 erwaart ee sech an deene Gebidder ronn en Drëttel manner Alphasaier pro Hektar Ubaufläch wéi am Zäitraum 1989 bis 2018. Am wichtegsten europäeschen Ubaugebitt Hallertau wieren et bal 40%.

Als Ausgangspunkt vun der Prognos hat d’Ekipp ëm de Martin Mozny vun der Tschechescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Brünn d’Recolten tëscht 1971 bis 1994 mat de Joren 1995 bis 2018 matenee verglach an hat do schonn en däitleche Réckgang festgestallt.

Back to Top
CIM LOGO