Dréchent a SpuenienBekannte Cava "Freixenet" wëll bis zu 80 % vu senge Leit entloossen

RTL Lëtzebuerg
Zu Barcelona a Katalounien ass et sou waarm an dréchen, wéi zënter dem Ufank vun de Wiederopzeechnungen an der Regioun nach net.
© FRANK HOERMANN/SVEN SIMON SVEN SIMONdpa Picture-Alliance via AFP

Well d’Wäiriewen wéinst dem Klima zu groussen Deeler verdréchent sinn, huet de Cava-Produzent “Freixenet” elo decidéiert, temporär 80 % vu senge Mataarbechter z’entloossen. D’Ëmsetzung vun dësem Plang soll jee no Joreszäit an der Situatioun vun der Dréchent variéieren, esou de Betrib a Spuenien.

D’Zil wier et, d’Iwwerliewe vum Geschäft ze sécheren. De Plang wier och schonn den Autoritéiten an de Gewerkschafte presentéiert ginn. Sollt dësen ëmgesat ginn, wiere vu Mee u ronn 615 Leit betraff. Wéini dës Leit nees kënnen op hir Aarbecht zeréck, gouf net matgedeelt.
No spueneschem Recht kënnen Entreprisen an Ausnamesituatiounen Aarbechter temporär fräistellen a och hir Aarbechtskontrakter aussetzen.

Et geet een dovunner aus, dass dës historesch Dréche-Period sou schlëmm ass, wéi zënter 1.200 Joer net méi. D’Penedes-Regioun a Katalounien huet esou wéineg Waasser, dass 30 Joer al Wäiriewen ofgestuerwe sinn.

Back to Top
CIM LOGO