Fir eegene Bedarf confisquéiertBerliner Polizistin wéinst Kokain viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
An der däitscher Haaptstad ass eng Polizistin ugeklot ginn, well si confisquéierte Kokain consomméiert huet.
© AFP

Um Donneschdeg deelt de Parquet mat, dass déi 45 Joer al Verdächteg wéinst enger net klenger Quantitéit Kokain viru Geriicht muss.

Bei enger Ermëttlung vum 31. Januar 2023 waren zwee Bléck Kokain a Crack fonnt ginn. Déi genannte Polizistin hat dës koordinéiert, wier awer net selwer op der Plaz gewiescht. Éier déi confisquéiert Droge gewie goufen, soll si en Aarbechtskolleeg ugewisen hunn, d’Drogen an hire Büro ze bréngen.

“Déi weider Aarbecht wéilt si selwer iwwerhuelen, esou soll si dëst begrënnt hunn”, heescht et weiderhin. Doropshin soll si d’Droge mat heem geholl an an en Tresor geluecht hunn, fir se selwer ze consomméieren.

Ufank Februar 2023 soll si de Kokain zesumme mat aneren Aarbechtskolleege consomméiert hunn. D’Police huet d’Wunnengen an d’Büroe vun dräi Mataarbechter duerchsicht. Bei der 45 Joer aler Polizistin goufe “kokainsuspekt Substanze” fonnt.

Back to Top
CIM LOGO