ParäisBerüümt Tuermspëtzt vun Notre-Dame soll bis de Summer nees ze gesi sinn

RTL Lëtzebuerg
Et war eent vun de prägendste Biller vum Joer 2019, wou déi ronn 100 Meter héich Tuermspëtzt vun Notre-Dame a Flamen a sech zesummegefall ass.

Fir déi Olympesch Summerspiller 2024 soll d’Tuermspëtzt, déi orginalgetréi nogebaut ginn ass, nees iwwert den Diecher vu Paräis ze gesi sinn. Schonn elo sinn Deeler dervun nees um Dach vun der Kathedral opgebaut. “Den Ofbau vum Gerüst huet ugefaangen, den Tuerm wäert bis zu den Olympesche Spiller nees an den Himmer vu Paräis reechen”, esou d’Agence fir den Neesopbau vun der Kathedral.

Genee wéi d’Original aus dem 19. Joerhonnert ass de sougenannte “Véierungstuerm” elo nees aus Eechendunnen opgebaut ginn an ass mat Bläi verkleet.

Déi berüümte Paräisser Kathedral, déi als eent vun de wichtegsten architektonesche Beispiller vun der Fréigotik gëllt, soll den 8. Dezember nees opgoen. Domat erfëllt de President Macron säi Versprieche vun 2019, d’Kierch bannent fënnef Joer nees opbauen ze loossen.

Gréisstendeels wäert déi “nei” Notre-Dame-Kathedral där aler gläichen - mat e puer klengen Ënnerscheeder. Bannena wäert d’Notre-Dame e gutt Stéck méi faarweg an hell ausgesinn, wéi virum Feier, well all d’Uewerfläche restauréiert a propper gemaach goufen.

Déi kathoulesch Kierch hat mam Neesopbau vun der Kathedral kee grousst Matsproocherecht, well Notre-Dame wéi all Kierch, déi virun 1905 gebaut gouf, dem franséisch Staat gehéiert. De Wonsch vum Paräisser Äerzbëschof Laurent Ulrich, e puer Kapellen mat moderne Glasfënsteren nees opzebauen, gouf allerdéngs respektéiert.

Back to Top
CIM LOGO